E Mëttwoch den Owend kuerz no 23 Auer krut de CGDIS e Bëschbrand zu Déifferdeng (Bacher Jang) gemellt.

D'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng, Käerjeng, Péiteng, Mamer, Diddeleng an aus der Stad goufen an den Asaz geruff, grad ewéi de Groupe d'appui technologique opérationnelle.

Et goufe keng Blesséierter.

Scho géint 21 Auer hunn d'Pompjeeë vu Leideleng, Monnerech a Schëffleng wéinst enger Dampentwécklung laang d'A4 a Richtung Esch mussen eraus. Och hei gouf et kee Blesséierten.