
D'Lëtzebuerger SES ass a Fusiounsverhandlunge mat hirem amerikanesche Konkurrent Intelsat, schreift d'Financial Times. D'SES wollt dat net kommentéieren.
Et wéilt ee sech zesummendoen, fir zum Beispill besser mat engem Erausfuerderer wéi dem Elon Musk a SpaceX eens ze ginn, sou d'Zeitung. D'Gespréicher wieren nach ganz am Ufank an et wär onkloer, ob eng Fusioun zustane kënnt.
Dem Lëtzebuerger Staat gehéieren 33% vun der SES. De Satellittebedreiwer huet an de leschte 5 Joer ëmmer manner Rendement gehat.
Op Nofro vun RTL äntwert d’SES, si géif d’Rumeuren an d’Spekulatioune vum Marché net kommentéieren.
D’SES huet an den éischte 6 Méint vum Joer en Ëmsaz vu knapp 900 Milliounen Euro gemeet. Am Verglach mam éischten Trimester zejoert ass dat e Plus vun 2,8 Prozent.
De Gewënn virun Zënsen, Steieren an Ofschreiwungen chiffréiert sech op 545 Milliounen Euro a bleift domadder op deem selwechten Niveau, wéi am éischte Semester d’lescht Joer.
Dat geet aus den offiziellen Zuele fir déi éischt 6 Méint vum Joer ervir, déi de weltwäit gréisste Satellittebedreiwer en Donneschdeg de Moien offiziell virgestallt huet.