En Donneschdeg de Moie géint 02:30 Auer hu Policebeamten eng Vitesskontroll virum Tunnel Albert Bousser beim Rond-point Gluck gemaach.

An dräi Fäll war e Protokoll vun 145 Euro fälleg. Doriwwer eraus hunn d'Automobilisten zwee Punkte verluer.

E weideren Automobilist war mat gutt 25 Kilometer an der Stonn ze séier ënnerwee. Doriwwer eraus war den Alkoholtest positiv. Säin Auto gouf nach op der Plaz vun der Police stëll geluecht an de Permis agezunn.

Een aneren Automobilist hat och ze déif an d'Glas gekuckt. Doriwwer eraus hat hie keng Autospabeieren dobäi a säin Auto war net verséchert. Weider hunn d'Beamte Pefferspray am Auto fonnt, déi dëse séchergestallt hunn.