D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.115 geklommen ass.

Aktuell si 15 Persounen hospitaliséiert, 3 Patiente sinn op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.134 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 0,68. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.