Woufir kann a woufir soll Drénkwaasser wärend Dréche-Periode benotzt ginn? Déi Fro stellt sech ëmmer nees am Summer.

Eng Fro, déi och déi nächst Joren ëmmer méi wäert an der Virdergrond rutschen. Wärend der Phase de vigilance fir de Waasserverbrauch, déi vun e Freideg un opgehuewen ass, gouf och d'Nätze vum Tramsreseau fir kuerz Zäit agestallt. Mam Ausbau vum Reseau awer gëtt de Waasserverbrauch weider minimaliséiert.

Op villen Deeler vun der Tramsstreck gouf déi lescht Jore Gras ugeluecht. Gréngsträifen, déi virun allem Autoen, Vëlosfuerer a Foussgänger ewech vun de Schinnen hale sollen, ma och Temperatur a Geräischkuliss um Reseau solle minimaliséieren.

„Vun engem ekologesche Standpunkt ass et e grousse Méi-Wäert. Par rapport zum Makadamm ass eng gewuesse Fläch 10 Grad manner waarm. Et ass kollektive Surplus fir d'Natur, ma och d'Bewunner vun enger Stad", erkläert den André von der Marck, Generaldirekter vu Luxtram.

Besonnesch a méi dréchene Periode ginn d'Schinnen nuets beriselt. Zanter leschtem Freideg awer bleift déi automatesch Sprénkler-Anlag op Demande vun der Natur a Bëschverwaltung aus. „D'Plattform vun eisem Tram ass speziell. Ënnert de Schinnen hu mer just 17cm Buedem bis op de Makadamm, deen d'Schinne stabiliséiert. Dofir musse mer nätzen fir, datt de Wuess iwwerhaapt kann iwwerliewen", sou nach den André von der Marck.

Dat – normalerweis - op 25.000 Quadratmeter mat 60 Kubikmeter Waasser, wat ongeféier 120 Kanner-Schwämmen den Dag sinn. Dat vun Abrëll bis August, fir ongeféier 10 Minutten. Nätzen awer huet effektiv näischt mat Brandschutz ze dinn, betount de Luxtram-Generaldirekter: „Am urbane Milieu hu mer net genuch Volume un dréchene Planzen, fir e Feier ze provozéieren."

Ëmmer méi Fläche gi mëttlerweil awer mat Sedum, engem Bodendecker, beplanzt – ewéi och um neien Tronçon zu Bouneweg. Nogehollef gëtt manuell, fir datt déi nei Planze kënne gräifen. Eng fix Sprénkler-Anlag ass awer net méi installéiert.