Bei enger Kontroll an der Rue du Commerce huet eng Persoun esou opfälleg geschléckt, datt d'Beamte vun Drogekuggelen am Mond ausgaange sinn.

Bei Kierperkontroll vum Mann gouf eng geréng Quantitéit Marihuana an zwee Handye séchergestallt. Bei der medezinescher Analys am Spidol konnten iwwerdeem op d'mannst 4 Friemkierper fonnt ginn.

Op Uerder vum Parquet koum de presuméierten Drogendealer en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter, wouropshin de Mann an de Prisong op Schraasseg bruecht gouf.