Déi ganz Ekipp vun RTL Lëtzebuerg ass zudéifst betraff iwwert den onerwaarten Doud vum Erny Klein.

Am Alter vu 67 Joer ass de laangjäregen RTL-Mataarbechter Erny Klein um Dënschdeg ganz onerwaart verscheet.

Den Erny Klein huet sech en Numm als Kameramann gemaach a war virun allem bei sportlechen Evenementer ëmmer fir eist Haus um Dill.

Den "Ern" huet fir de Vëlo gelieft an huet a senger Karriär dacks d’Lëtzebuerger Profie beim Tour de France begleet.

RTL

© Erny Klein, Tour de France 2022

Beim Etappenerfolleg vum Bob Jungels am Juli war den Erny Klein nach mat der Kamera mat derbäi.

Mer drécken der Famill vum Erny Klein eist häerzlecht Bäileed aus.

RTL

© Roland Miny