D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.117 bliwwen ass.

Aktuell sinn 18 Persounen hospitaliséiert, 3 Patiente sinn op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.434 Impfdosisse genotzt. Bannent de leschte 24 Stonne goufen 1.235 Impfunge gemaach.

Bei 65 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.

De Positivitéitstaux läit bei de PCR-Tester bei 16,94 Prozent.

D'Reproduktiounszuel läit bei 0,81. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.