D'Police vu Käerjeng/Péiteng krut en Dënschdeg de Moien géint 7 Auer eng landeswäit duerch eng riichterlech Verfügung gesichte Persoun gemellt.

Dës Persoun géing sech an engem Hotel zu Péiteng ophalen. Bei der spéiderer Iwwerpréiwung am Etablissement gouf awer net déi gemellte Persoun fonnt, ma 2 Onbekannter, déi sech net ausweise konnten.

Bei der Kontroll gouf e benotzt Joint fonnt, eng héich Zomm Boergeld an e puer Bulle Kokain.

Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee Verdächteg wéinst dréngendem Verdacht op Drogenhandel festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel ausgeschwat a béid Männer koumen op Schraasseg. D'Suen an enger Gesamthéicht vun 21.605 Euro, 279 Gramm Kokain an en Handy goufe séchergestallt.

RTL