De Brand war um Donneschdeg an der Mëttesstonn op engem Chantier op der Héicht mat der Kräizung mam Val Fleuri ausgebrach.

Eng Fassad hat hei gebrannt. D'Pompjeeën aus der Stad, vu Mamer a vu Lëntgen ware séier op der Plaz, fir de Brand ze läschen. Och d'Police war am Asaz, fir de Verkéier ze reegelen. D'Strooss huet musse gespaart ginn, war awer kuerz viru 15 Auer nees fir de Verkéier op. Et blouf beim Materialschued.

3 weider Bränn

Um 11.15 Auer goufen d'Pompjeeë vun Esch a Suessem-Déifferdeng wéinst engem Brand zu Esch an der Rue Xavier Brasseur geruff. Hei hat et an enger Kiche gebrannt.

Ëm déi selwecht Zäit huet et op engem Feld tëscht Houfelt an dem Antoniushaff gebrannt. D'Pompjeeë vu Wëntger, Clierf, Ëlwen a Wolz waren op der Plaz, fir ze läschen.

Géint 11.30 Auer huet dann zu Käerjeng an der Rue de la Continentale och e Feld, respektiv Hecke gebrannt. D'Pompjeeë vu Käerjeng, Péiteng a Suessem-Déifferdeng goufen an den Asaz geruff.

An alle Fäll gouf kee blesséiert.

Motocyclist gefall

Kuerz viru 15.30 Auer ass tëscht Bäerdref a Beefort e Motocyclist gefall. De CGDIS mellt 1 Blesséierten. D'Ambulanz vu Iechternach an d'Pompjeeë vu Bäerdref waren op der Plaz.