D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.119 geklommen ass.

Aktuell si 14 Persounen hospitaliséiert, 1 Patient ass op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.289.498 Impfdosisse genotzt.

Bei 42 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.

D'Reproduktiounszuel läit bei 0,77. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.