Et feelt net méi vill, da muss de Schëffsverkéier um Rhäin gestoppt ginn. Déi eenzeg Hoffnung, un déi sech d'Branche klammert, ass uerdentlech Reen.

Déi héich Temperaturen a vill ze wéineg Ree suergen a ganz Europa ëmmer méi fir Problemer. Engem vun de gréisste Flëss, dem Rhäin, geet dem Ament d'Waasser aus. D'Konsequenzen dovu sinn elo scho bis op Lëtzebuerg ze spieren. E Freideg war keen eenzegt Schëff am Mäerter Hafen.

D'Aktivitéit am Mäerter Hafe leeft am Ralentie. Elo scho steet fest: d'Niddregwaasser wäert en Impakt op d'Joresbilan hunn. De Problem läit awer net bei der Musel. Zu Gréiwemaacher steet de Peegel nach bei 2,10 Meter wéinst de Staustufen. D'Algen am Hafe sinn en Zeechen, datt de Floss kaum nach leeft. E Schëff huet e Freideg zu Mäertert keent ugeluecht. Se kéinten nach kommen. Awer d'Schëffer lueden den Ament just een Drëttel vun der normaler Ladung. Vill Ladunge kommen hei zu Mäertert net méi un, respektiv ginn net méi fort, well d'Käschte jee no Wueren einfach ze héich sinn", sou de Jürgen Helten, Generaldirekter vu Luxport.

Et ass um soss esou imposante Rhäin, wou de Schong dréckt. Um Mëttelrhäin steet de Peegel nach bei 40 Zentimeter. Bis e Méindeg oder Dënschdeg kéint de Waasserstand ëm weider 10 bis 15 Zentimeter falen. Eng Situatioun, déi un dat extreemt Niddregwaasser vun 2018 erënnert.

De Michel Girard, deen als Kapitän reegelméisseg um Rhäin ënnerwee ass, gëtt ze bedenken, datt dëst Joer, par rapport zu 2018 dat aktuellt Niddregwaasser zwee bis dräi Méint éischter do ass. Am Fall, wou et net ufänkt mat reenen, géifen och Chrëschtdag keng Schëffer um Rhäin fueren. Vu Weess, iwwer Kuelen, chemesch Produkter bis Pëtrol. Dat hätt dramatesch Konsequenzen op d'Wirtschaft. Fir déi de Rhäin eng Schlagoder ass.

An deem Kontext gëtt de President vun de bayreschen Tankstellebedreiwer, Günter Friedl, dräi Saachen ze bedenken: Mam niddrege Waasser an de Bannegewässer kënnen éischtens d'Schëffer net sou vill transportéieren. Dobäi kënnt, datt et den Ament och un Infrastruktur feelt. Also kann och net op d'Strooss ausgewach ginn. An drëttens géif et op de Schinnen ënner anerem u Maschiniste feelen.

De Kapitän vun der "Servia", Peter Claereboets, kämpft sech de Rhäin erop. De Radar weist et kloer: d'Waasserstrooss gëtt ëmmer méi enk. D'Sandbänke kommen ëmmer méi no u säi Schëff erun. Gelueden huet et Kuelen. Eng 30-40 % vun der maximaler Capacitéit. Zu engem extreem héijen Transportpräis. 60 Euro d'Tonn amplaz normalerweis 8 Euro. Ma op d'mannst gëtt nach Kuel transportéiert.

"Sand, Kräsi kommen den Ament guer keng méi hei zu Mäertert un, well d'Käschte fir déi Wueren einfach ze héich sinn", ënnersträicht de Jürgen Helten, Generaldirekter vu Luxport.

Nom Krisejoer 2018 gouf vill diskutéiert. Ob weider Staustufen an de Rhäin agebaut misste ginn? Bedenken, wat d'Ëmwelt ubelaangt, awer och déi héich Käschten an den Zäitopwand hunn de Projet ausgebremst. Fazit: Haut bleift, och dem Generaldirekter vu Luxport just eng Hoffnung. "Uerdentlech Reen. Well et feelt net méi vill an de Schëffsverkéier um Rhäin muss gestoppt ginn. Et ass nach eng Saach vun e puer Deeg. Da kéint et um Rhäin wierklech sou wäit kommen. Domat wiere mir hei zu Lëtzebuerg och hanne bäi a vir widder. Dat eenzegt, wat hëllefe géif, wier Reen. Am Süde vun Däitschland. Do, wou d'Waasser vum Rhäin hierkënnt. D'Regioun vum Bodensee."

Déi Ausso gëtt ze denken. Iwwer 30% vun Diesel a Bensinn fir Lëtzebuerg ginn zu Mäertert gelagert. 80% dovu kommen de Rhäin an d'Musel erop, mam Schëff.