Wéi d'Police mellt, koum et kuerz virun 23 Auer zu Iechternach zu engem Virfall mat engem jugendleche Festival-Visiteur, dee si wollte kontrolléieren.

De jonke Mann hat keng Carte d'idendité bei sech, dofir awer e Sprangmesser an der Täsch. Wéi d'Beamte méi genee nogefrot hunn, huet hien aus dem Kalzong nach eng Titche mat 14 Gramm Haschisch erausgezunn. Kuerz drop huet hie versicht ze flüchten, konnt awer vun de Polizisten nees agefaange ginn a krut Handschelle verpasst. Och do huet de jonke Mann sech gewiert a wollt sech op en Neits ewechmaachen. Zwee Beamte goufe beim Tëschefall verwonnt. Eng Patrull aus enger anerer Regioun gouf fir ze protokolléieren erbäigeruff.