Dëst fir e Gesamtschued vun 23 Milliounen Euro, dee virun engem Joer duerch d’Iwwerschwemmungen entstane war.

12 vun deenen Demandë konnte bis ewell ofgeschloss ginn, schreift d’Inneministesch Taina Bofferding an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Carole Hartmann.

De Gesamtmontant, deen dem Gemengesecteur wäert zegutt kommen, hänkt vun de Fraisen of, déi net eligibel sinn.

Fir eligibel ze sinn, mussen déi ugefroten Entschiedegunge Proprietéite vun de betraffene Gemengen oder Gemengesyndikater concernéieren, fir déi d’Fraise weder vun der Assurance iwwerholl ginn, nach vun anere staatlechen Entitéiten.