Hei handelt et sech net ëm „Streetart à la Banksy“, mee ëm eng Zuel, déi ouni System op all méiglech Uewerfläche gesprayt gëtt.

Ween hannert dësem Vandalismus stécht, ass nach onkloer.

Graffiti zu Ettelbréck / Rep. Chris Meisch

Et erkennt ee weder ee Muster, nach d‘Ursaach hannert de sëllege Graffiti-Schmierereien, déi sech duerch ganz Ettelbréck zéien. Am meeschte géif ee se an der Groussgaass an op der Gare erëmfannen. Ma net just hei, och zu Dikrech an an der Stad hätt een der ewell scho gesinn. Iwwerall ass d’Zuel 90 gemoolt ginn. Dem Buergermeeschter vun Ettelbréck no wier et méiglech, dass et sech heibäi ëm déi éischt zwou Ziffere vun der Ettelbrécker Postleitzuel handelt.

„Mir haten der awer ëm déi 100, déi do waren a wou mir d‘Sécherheet ni hunn, dass mer se vollstänneg alleguerten erfaasst hunn. Bemol mierkt een hei nach een an do nach een a sou weider an et kommen der och nach ëmmer e bëssen bäi, mee komm mir gi mol vun ëm déi 100 aus. Wéi mir Plaintë gemaach hunn, hate mir der exakt 95, haaptsächlech am Zentrum vun Ettelbréck lokaliséiert.“

Et wier ee sech zwar nach net sécher, mee et kéint een dovun ausgoen, dass et sech bei dëse Graffiti-Schmierereien ëm sougenannten „Tags“ handelt, déi vu bestëmmte Gruppe gesprayt ginn. Ee méigleche Grond dofir ass, fir säin Territoire, also säi Revéier ze markéieren. Et fënnt ee se op deene verschiddenste Plazen, sou de Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter vun Ettelbréck.

„Also do, wou se am lästegste sinn, mengen ech fir eis, dat sinn d‘Bushaisercher, well dat Réckwänn sinn aus Polyester, wou een net mat schaarfe Mëttele kann drugoen, mir hate se an de Fënsteren, wou et awer ee Gebai ass, wou der Gemeng gehéiert, mir hu se op de Bréifkëschten, mir hu se einfach deelweis um Buedem an dann eben op de Maueren. Jo, ech mengen, se si vu grouss bis kleng an op deenen ënnerschiddlechste Supporten, souguer op engem Bam.“

D‘Ziffer 90, déi duerch ganz Ettelbréck gesprayt gëtt, hätt heiansdo ënnerschiddlech Formen. Dowéinst geet een dovun aus, dass méi Leit hannert dëse Vandalismus-Virfäll stiechen. Dat géif et méi schwéier maachen, fir erauszefannen, wien alles fir dës Strofdot verantwortlech ass. Virun allem, well een dovun ausgeet, dass déi Verantwortlech haaptsächlech an der Nuecht ënnerwee sinn. Fir d‘Mataarbechter vun der Gemeng ass et net esou einfach, déi Schmierereien nees ofzekréien, sou de Gemengenaarbechter, Denis Thull,

„Majo also déi lescht Woch hu mir der iwwert 100 Stéck wechgemaach, et kommen der ëmmer rëm bäi, dat ass extrem haartnäckeg, deemno wéi brauch een iwwer 30 Minutten, fir een ewechzemaachen. Generell huele mir Thinner dofir. Mir hunn Ënnergrënn wéi Plastik, Eisen, Glas.“

De Buergermeeschter hätt Verständnis fir Jugendlecher, déi Loscht hunn, sech kënschtleresch auszetoben. Mam Projet Hariko an dem Jugendhaus wieren de Jugendlechen zu Ettelbréck d‘Méiglechkeete ginn, sech kënschtleresch ze engagéieren. An dësem Fall géif et sech awer net ëm Konscht, mee Vandalismus handelen.