Zu Lëtzebuerg goufen d'Paangecher an der 600-Gramm-Verpaakung am Aldi verkaaft.

Wéi d'Liewensmëttelsécherheet en Dënschdeg den Owend matdeelt, ass de Produit "Crêpes au lait frais 10 pièces" vu Cérélia Belgium aus de Regaler geholl ginn.

D'Paangecher mat den Halbarkeetsdatumen 27/08/2022, 30/08/2022, 31/08/2022 an 01/09/2022 kéinte mat Listerie belaascht sinn a sollen dowéinst net consomméiert ginn. Listerien kënne Féiwer, Kappwéi oder souguer eng Mogrippe ausléisen. Schwanger Fraen a Leit, déi gesondheetlech schonn ugeschloe sinn, si besonnesch gefährt.