RTL huet bei Betriber aus verschiddene Secteuren nogefrot, op wéi eng Mesuren d'Patronen hoffen.

Am Tripartite-Accord vu Mäerz war ee vun de Punkten, dee festgehale gouf, deen, dass d'Dräier-Ronn aus Regierung, Patronat a Gewerkschafte sech nees misst gesinn, falls am Laf vun dësem Joer méi wéi eng Indextranche fälleg wier nieft där, déi op Abrëll 2023 verréckelt gouf.

D'Zuele vum Statec kommen eréischt e Freideg an enger Woch an de Regierungsrot, mä et leeft drop eraus, dass am Hierscht nees eng Tranche fälleg ass. Dofir huet de Premier souwuel d'Gewerkschaften, wéi och d'Patronat en Donneschdeg op Eenzelgespréicher invitéiert, fir eng weider 3er-Ronn ze preparéieren.

D'UEL-Vertrieder wëllen en Donneschdeg emol Donnéeë vun der Regierung hunn, wou ee finanziell an der Tresorerie drun ass, sot e Mëttwoch den UEL-President Michel Reckinger, ouni sech wëlle festzeleeën, wéi eng Pisten a puncto Index fir d'Patronat iwwerhaapt denkbar wieren. Fir d'Gewerkschafte muss de Wuerekuerf-System op alle Fall bestoe bleiwen. Et wéilt een en Donneschdeg mol eng Bestandsopnam mat der Regierung maachen, sot en Dënschdeg de Patrick Dury hei op der Antenn.

De Vizepremier François Bausch sot eis e Mëttwoch, dass den Index misst bestoe bleiwen, mä gläichzäiteg d'Employeuren net solle musse puer Tranchë mateneen ausbezuelen. A genee dat wier eben d'Erausfuerderung bei den Diskussioune mat de Sozialpartner. Engersäits den Inflatiounsausgläich garantéieren an op der anerer Säit an engem Zäitraum vun engem oder annerhallwem Joer "domadder eens" ze ginn.

Eng aner zentral Roll dierften d'Energiepräisser spillen, déi am Hierscht an am Wanter riskéieren ze explodéieren. Vun enger Präishausse vu bis zu 90% ass jo rieds.

Op wéi eng Mesuren hoffen d'Patronen?

De Vertrieder vum Patronat huet sech fir méi cibléiert Mesuren ausgeschwat, déi konkret deene Betriber hëllefen, déi Schwieregkeete wéinst der allgemenger Präishausse hunn. Méi déif an d'Kaarten huet hie sech net kucke gelooss. Ma wat soen d'Patrone selwer? De Pierre Jans huet bei Betriber aus verschiddene Secteuren nogefrot.

Patronat zum Index / Reportage Pierre Jans

An net iwwerall ware se iwwer d'Ufro begeeschtert. Eng Patronne vun engem Akafszenter sot, si wéilt sech prinzipiell net äusseren. E Patron vun enger Konstruktiounsentreprise sot, e wéilt sech aktuell net amëschen, well hie Confiance an d'Patronatsvertriedung hätt. Ee vun den zwee Generaldirektere vun enger Bäcker-Chaîne mat 100 Salariéë war gespréichsbereet. Hie wär u sech e Frënd vum Indexsystem, erkläert de Jean-Marie Neuberg, ma dee wär fir déi aktuell Situatioun mat multipelle Krisen net gemaach.

"Mir hunn den Ament esouvill Facteuren, déi zesummekommen. Ob dat d'Präisser vun de Matière-premièrë sinn, déi klammen, ob dat d'Energie ass. Ech mengen, eng Indextranche elo einfach ganz weiderzeginn, mécht alles nach eng Kéier méi deier. Et si menger Meenung no ze vill Leit, déi negativ dovu getraff wäerte ginn. Eng Indextranche ass den Ament net dat Richtegt. A mengen Ae missten d'Leit cibléiert gehollef kréien an d'Betriber natierlech och. D'Betriber sinn aktuell och esou belaascht, wéi se dat - a mengen Aen - a verschiddenen Secteuren nach ni waren."

Am Handwierk wäre 50 bis 65 Prozent vum Ëmsaz Personalkäschten, esou de Jean-Marie Neuberg. Vun engem Brout, dat fir 2 Euro verkaaft gëtt, wär op d'mannst ee fir d'Pai vum Bäcker. Wann d'Salairen an d'Luucht ginn, dann och de Präis. Dat confirméiert de Christophe Diederich. Hien ass Direkter vun enger Restaurant-Ketten. An der Gastronomie géifen d'Paien éischter 45 Prozent vun de Käschten ausmaachen a bei 200 Salariéen, déi hie beschäftegt, hätt eng Hausse e groussen Impakt.

"Eng Indextranche, déi fält, mécht bei eiser Masse salariale ongeféier 180.000 Euro d'Joer aus. Dat ass e Montant, deen ass jo awer relativ héich. En idealen Zäitpunkt fir eng Indextranche gëtt et souwisou ni. Fakt ass awer: duerch all déi Gegebenheeten, déi mir haut hunn, ass et den Ament op der Säit vun de Patronen immens, immens schwiereg, wa lo och nach géifen déi eng oder aner Indextranchen dëst Joer erfalen."

Eng ideal Léisung hunn och de Bäcker Jean-Marie Neuberg an de Gastronom Christophe Diederich net parat. Eng Indextranche ausbezuelen an da cibléiert Hëllefe fir eligibel Betriber ginn: Dat kéint de Wee sinn. Eventuell.

De Carlo Schott, Chef vun engem Marbrerie-Familljebetrib deen 10 Leit beschäftegt, wëll sech och net festleeën.

"Den Indexsystem huet bis elo gutt funktionéiert. E gëtt elo bëssen op d'Prouf gestallt. Elo mussen alleguer d'Acteuren, déi do mat agebonne sinn, hiert dofir leeschten, dass de Lëtzebuerger Modell ka viru funktionéieren. Et gi keng Tabuen. Et muss iwwer alles kënnen diskutéiert ginn."

Dat hei ware puer Beispiller vu Betriber. Natierlech ginn et aner Entreprisen, wou manner Leit par rapport zum Ëmsaz schaffen, respektiv aneren nach, wou méi Salariéë mat héije Paie schaffen. Do hätt eng Indextranche nees en aneren Impakt.