D'CSV-Deputéierten Octavie Modert a Marc Spautz hunn an enger parlamentarescher Fro Detailer gefrot, iwwert d'Ausmooss vun dëser Cyberattack.

Cyberattack Enovos / Rep. Jean-Marc Sturm

De 25. Juli huet den Energiegrupp Encevo informéiert, dass seng Entitéiten Enovos, also de Gestionnaire vum Energie-Reseau, a Creos, de Fournisseur vun Energie am Land, Affer vun enger Cyberattack gi wieren. 180.000 Fichiere wéi Rechnungen, Kontrakter oder nach E-Maile goufe geklaut.

D'Äntwert kënnt direkt vun enger hallwer Dose Ministeren, dem Staatsminister, dem Energieminister, dem Wirtschaftsminister, dem Minister fir d'Classes moyennes an der Ministesch fir de Konsumenteschutz.

Virop ass et d'Prezisioun, dass d'Bedreiwer vu sougenannte kriteschen Infrastrukture vum "Haut commissariat à la protection nationale" eng Zort Guide kruten, wéi si sech géint Cyberattacke solle protegéieren. Nom Optakt vum Krich an der Ukrain gouf et eng weider Warnung, dass et Cyberattacke wäerte ginn.

D'Operateure vun de wichtege Servicer am Land krute schonn am Mäerz gesot, se sollen de Stand vun der Sécherheet bei hire Systemer matdeelen, wéi och wat si géint Cyberattacken op d'Been gestallt hunn.

Cyberattacke wéi op d'Enovos biergen de Risk, dass et enk mam Liwwere vun Energie am Land kéint ginn. Dat wier leider net auszeschléissen. D'Attack op Enovos hätt sech awer a Grenze gehalen a keng operationell Volete betraff. Et géif een d'Sécherheetspläng permanent adaptéieren an dat och vun den Operateure vun national wichtegen Infrastrukture verlaangen.

Dass d'Hacker un déi 180.000 Fichiere komm sinn, wier ganz sophistiquéiert gewiescht a wier net vun engem Antivirus Programm ze detektéiere gewiescht. Enovos hätt awer bannent 24 Stonne séier reagéiert a fir Remedur gesuergt. Betraffe Cliente goufen oder ginn och informéiert, dass hier Donnéeë geklaut goufen.

Hannert der Attack stécht eng Organisatioun, déi sech Black Cat nennt. Ob se am Déngscht vun engem auslännesche Staat schafft, kéint net gesot ginn. Wat d'Léisegeld betrëfft, dat Black Cat vun Enovos verlaangt huet, wëllen d'Ministeren näischt soen. Enovos hätt awer refuséiert, ze bezuelen.