Neiste Vaccin vu Biontech/Pfizer soll Enn nächst Woch ukommen
Dee Vaccin ass speziell un d'BA4- a BA5-Omikron-Variante vum Virus ugepasst a gouf e Méindeg fir eng Zouloossung an der EU recommandéiert.
Fréistens Enn nächster Woch, soss ugangs der Woch dono, kommen déi éischt Liwwerunge vum neiste Corona-Impfstoff vu Biontech/Pfizer zu Lëtzebuerg un, krute mir op Nofro vum Héije Kommissär vun der nationaler Sécherheet Luc Feller matgedeelt. D'BA5-Variant ass den Ament zu Lëtzebuerg am stäerkste present.
D'lescht Woch goufe schonn Impfstoffer vun der neier Generatioun vu Biontech/Pfizer a vu Moderna geliwwert, am Ganze 85.700 Dosissen, déi zanter dëser Woch fir Booster-Impfungen an den Asaz kommen. Dës goufen op Basis vun der BA1-Omikron-Variant entwéckelt.
79 Prozent vun der Populatioun iwwer 5 Joer si mëttlerweil géint de Coronavirus geimpft. Eng 350.000 Persounen, also net grad zwee Drëttel vun deenen iwwer 12 Joer, kruten ewell e Booster. Impfunge fir Kanner ënner 5 Joer a Booster-Impfunge fir Kanner ënner 12 Joer ginn et aktuell keng.
Fir den zweete Rappell a Fro komme vulnerabel Persounen a Leit iwwer 60 Joer. Vun deenen iwwer 60 Joer hunn 81 Prozent en éischte Rappell viru méi wéi 4 Méint kritt a wieren domat eligibel fir deen zweeten. Bis elo hunn awer just 35,5% vun de Leit iwwer 60 en zweete Booster, manner wéi d'Hallschent vun deenen, déi e kéinte kréien.
An den Alters- a Fleegeheemer krute bis ewell 77,4 Prozent vun de Residenten, déi dofir a Fro kommen, also déi viru méi wéi 4 Méint den éischte Booster kruten, en zweete Rappell. Dat entsprécht ongeféier 74%* vun de Residenten allgemeng.
D'Zuel vun Hospitalisatiounen ass den Ament ganz niddereg, vun deene 4 Persounen am Spidol sinn der 2 geimpft an 2 net geimpft.
Impfe loosse kann ee sech zanter dësem Dënschdeg no engem Mount Paus nees an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg, an engem Impfbus, beim Hausdokter oder an der Apdikt. All d’Plazen am Iwwerbléck fënnt een op impfen.lu
*Bei dësem Prozentsaz bleift a Betruecht ze zéien, datt déi aktuellsten Zuel vun Awunner an den Alters- a Fleegeheemer am September 2021 erhuewe gouf an dovunner just d’Doudesfäll ofgerechent konnte ginn, awer déi nei Residenten net dobäikoumen.
Sourcen: Gesondheetsministère, Héije Kommissariat vun der nationaler Sécherheet, Generalinspektioun vun der Sécurité sociale, Statec