Ëffentlech Gebaier gi manner gehëtzt. D’Temperatur an de Schwämmen oder Sportshale gëtt erofgesat a bei der Beliichtung gëtt reduzéiert.

D'Stater Gemeng huet e Mëttwoch hir Energiespuermesurë presentéiert. Bis Mäerz dat nächst Joer wëll een de Gasverbrauch ëm 15% reduzéieren, d’Elektresch ëm 5%. Iwwert de Wanter sollen dofir ëffentlech Gebaier, Schoulen a Crèchë just nach op 20 Grad gehëtzt ginn, amplaz op 21. Pro Grad hätt een de Verbrauch direkt ëm 6% reduzéiert.

RTL

Ma deen Effort misst awer vu jiddwerengem gedroe ginn, esou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Lydie Polfer - Jidderee muss matmaachen

Iwwert den Dag kéint ee schonns 3 Stonnen Energieverbrauch aspueren, andeems d'Luuchte moies méi spéit un an owes méi fréi ausmécht. De Waassertuerm zu Gaasperech bleift aus, ausser fir bei speziell Evenementer, grad esou d’Fassad vum neie Stadion, oder déi ëffentlech Gebaier, déi bis op de Cercle net méi d’office beliicht ginn. Speziell Evenementer wéi de Chrëschtmaart sinn och betraff, erkläert d’Buergermeeschtesch.

Lydie Polfer - Winterlights-Beliichtung manner laang aktiv

D’Beemercher op der Plëss hu bis ewell 19 Stonnen den Dag geliicht, dat geet op 6 Stonnen erof. "Wierklech just déi Zäit, wou d’Leit an der Stad sinn an an d’Geschäfter oder d’Restaurante ginn, dat heescht sou vun owes 17 bis 23 Auer" seet d'Lydie Polfer. Dat selwecht gëllt och fir d’Chrëschtzäit. Esou spuert een eleng bei der Chrëschtbeliichtung 66%.

Eng Äispist gëtt et dëst Joer och net. Déi huet bal een Drëttel vum Stroumverbrauch vun de Chrëschtmäert ausgemaach. D’Heizstraler ginn op de Chrëschtmäert och verbueden.

All déi Mesurë wieren u sech just symbolesch, et geet ee mam gudde Beispill vir. "D’Stad Lëtzebuerg mat all hire Servicer an Institutioune mécht just 4,3% vum ganzen Energieverbrauch an der Stad aus. Déi aner 95,7% gi vun Anere verbraucht. Dat sinn Administratiounen, Institutiounen, Geschäfter an d’Leit doheem. Den Effort muss also vu jiddwerengem matgedroe ginn", esou nach d’Lydie Polfer.

Ob a wéi d’Mesuren ugepasst ginn, dat géif de Wanter weisen. Verschidde Mesurë kéint een deemno wéi och nom Wanter weider bäibehalen. Energiespuere wier jo och am Sënn vum Klimaschutz.