Dobäi kommen nach 2 Blesséierter no Accident um Wandhaff.

Tëschent Hiefenech a Chrëschtnech huet en Donneschdeg de Mëtten um 10 fir 3 e Motocyclist missen no enger Chute mam Helikopter an d’Spidol bruecht ginn, dat mellt den 112.

Um Wandhaff ware géint 12 Auer 2 Autoen net laanschtenee komm, hei goufen 2 Leit blesséiert.