D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.127 bliwwen ass.

Aktuell sinn 11 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.563 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 373 waren ergänzend Dosen, wärend et bei 4 Persounen déi zweet Dosis war a bei 5 déi éischt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.