All Rentrée bréngt nei Verännerunge mat sech. Sief dat am Stonneplang, an der Klass oder einfach e ganz neit Schoulgebai.

Déi éischt Schüler hu schonn am September d'lescht Joer dat neit Gebai vum Lycée Michel Rodange ze gesi kritt. Dëse Méindeg – e Joer a vill Chantier méi spéit – gouf de Lycée um Geesseknäppche offiziell ageweit. Aktuell sinn et eng ronn 1.500 Schüler vu 7ième bis 1ière, déi an der Schoul, déi nom Lëtzebuerger Schrëftsteller a Poet benannt ass, ageschriwwen.

Véier Joer laang waren d'Schüler aus dem Lycée fort vun Doheem an engem Nopeschgebai installéiert. D'Renovatioun ewéi d'Extensioun vum Lycée waren néideg ginn, well virop d'Zuel vun de Schüler, déi lescht Jore staark geklommen ass, a vill Infrastrukture vum Gebai um Enn vun hirem Liewen ukomm waren, seet den Direkter Jean-Claude Hemmer.

"Verschidden Elementer goufe gehalen, well se och einfach zum Gebai gehéieren. Dorënner och d'Fassad. Mä déi huet esou misse bleiwen, well se droend ass. Dat heescht, dat Gebai gesäit vu baussen esou aus, mä wann een dës géif ewechmaachen, géif d'Gebai zesumme falen."

Zeréckbehale goufen och Deeler vum originale Buedem vu fréier. Deen, op deem scho zéngdausende Schüler getrëppelt sinn. D'Schüler weise sech zefridden, wann och e bësse melancholesch:

"Et fillt sech e bësse u wéi Septième, wou mer deemools déi éischte Kéier hei waren. Mä et ass mëttlerweil alles e bësse méi flott, e bësse méi schéin, méi modern."

"Et ass einfach vill méi grouss, méi hell, méi oppen. Ech hunn d'Gefill, datt ee vill méi Grénges gesäit, wann een aus der Fënster kuckt."

"Mir ware fréier ganz dacks ënne bei de Casieren am Keller. An et war elo relativ komesch, well ech d'lescht Joer mäi Klassesall do hat. Mä déi ganz Rei vu Casieren ass elo einfach fort. An et war ëmmer déi Plaz, wou mir als Septièmen houngen. Ech vermëssen dat schonn e bëssen."

Effektiv gëtt vill mat natierlecher Luucht geschafft. En neie Restaurant, e grousse Festsall a virun allem méi Plaz fir de Sport a fir d'Sport-Klasse sollen déi Jonk gutt encadréieren a motivéieren, seet hiren Direkter.

"Mir hunn op den Diech eng Beplanzung. An um Daach vum neie Gebai hu mer eise pedagogesche Gaart. Eng Zon mat enger klenger Wiss, wou mer aktuell och scho Beien hunn. Hei kënnt nach eng Zär dobäi. Um Haaptgebai soll och nach eng Photovoltaik-Installatioun drop."

50 Joer méi spéit erënnere vill Elementer un de Bau aus de 70er Joren. 1.500 Schüler sinn op 85 Säll verdeelt. Ma och hei um Geesseknäppche riskéiert een, déi nächste Joren nees un d'Limitt vun de Kapazitéiten ze stoussen, well et ass just Plaz fir 1.600 Schüler.

Dat offiziellt Schreiwes

RTL

© MMTP

Inauguration de la rénovation et de l’extension du Lycée Michel Rodange à Luxembourg (26.09.2022)

Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics / ministère de l'Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

 

Le Vice-Premier ministre, ministre de la Mobilité et des Travaux publics, François Bausch, et le ministre de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Claude Meisch, ont inauguré la rénovation et l’extension du Lycée Michel Rodange à Luxembourg en date du 26 septembre 2022.

Pour répondre à toutes les fonctionnalités et aux normes actuelles tenant comptes de l’augmentation de l’effectif des élèves, une rénovation complète du bâtiment a été nécessaire. Tout en respectant l’architecture d’origine, telle la façade typique des années 70, l’assainissement énergétique et l’adaptation des circulations induisent d’importants travaux de transformation.

Le concept architectural a prévu une nouvelle extension reliée de plain-pied au sud à l’aile centrale par une passerelle située dans l’axe du hall d’entrée. L’ancien bâtiment du hall de sport a ainsi été remplacé par une cafeteria, une salle polyvalente et par des salles de sport aux étages inférieures.

Le concept énergétique garantit une consommation d’énergie réduite par l’isolation performante de l’enveloppe des différents corps bâtis. Par ailleurs toutes les salles profitent d’un principe de ventilation naturelle permettant un refroidissement nocturne naturel qui en combinaison avec une protection solaire performante, évite une surchauffe en été. De même, la hauteur libre des salles est maximisée dans toutes les pièces de séjour de manière à ce que la lumière naturelle pénètre par les fenêtres intérieures à l’intérieur jusque dans les couloirs. Le but est de contribuer naturellement à la régulation du climat intérieur.

Les toitures vertes extensives sont couvertes par des panneaux photovoltaïques, d’un jardin pédagogique et d’une pelouse fleurie.

Le coût global de ce projet s’élève d’un montant de 64.000.000 euros (TTC). La mise en service du bâtiment a eu lieu en automne 2021.