Ënnert der Telefonsnummer 454545 kënne Mënschen, déi Hëllef sichen a brauchen, Leit erreechen, déi hinnen op den dräi Landessprooche weiderhëllefen.

Mä, well SOS Détresse och Mënschen erreeche wëll, déi keng vun den dräi Landessprooche schwätzen, hätt ee sech dozou entscheet, vun Oktober un all Mëttwoch e Service unzebidden, bei deem ee sech Hëllef bei Leit siche goe kann, déi Englesch schwätzen.

Schreiwes: SOS Détresse

Mat dësem Schreiwe wëlle mir Iech SOS Détresse – mir hëllefen iwwer Telefon an online virstellen, eng a.s.b.l., déi perséinlech Hëllef a Berodung iwwer Telefon oder online ubitt.

Säit 45 Joer bitt SOS Détresse Ënnerstëtzung fir déi Persounen un, déi an Nout sinn. Mir lauschteren no, egal ob et sech ëm perséinlech Krisen oder schwéier Liewensphasen handelt oder de Besoin no enger Aussprooch oder perséinlecher Klärung besteet. All Gespréich gëtt vertraulech an anonym behandelt. En Team vu Benevolle steet zur Verfügung, fir Mënsche mat Hëllef vu Gespréicher um Telefon oder schrëftlech iwwer eisen Internetsite ze beroden an ze ënnerstëtzen.

Am Hibléck op d'Entwécklungen an eiser Gesellschaft wëlle mir och fir déijéineg erreechbar sinn, déi keng vun eisen dräi Landessprooche schwätzen. Dowéinst wäerte mir ab Oktober 2022 all Mëttwoch vun 11:00 bis 23:00 elo och zousätzlech telefonesch Ënnerstëtzung op Englesch ubidden, dëst ënner eiser Telefonsnummer 454545.