De Freeport um Findel stécht a schlechten Dicher. Dee Constat mécht d'CSV a verweist op déi iwwer 8 Millioune Perten zënter der Ouverture 2014.

Op alle Fall misst ee sech froen, wéi et mam Entrepot fir Konschtwierker a Luxusgidder weidergeet, sou den Deputéierte Laurent Mosar. Eng Faillite wier iergendwann vläicht net ausgeschloss, wat schlecht fir d'Reputatioun vu Lëtzebuerg wier.

Et wier och net kloer, wat eigentlech nach d'Intentioune vun der aktueller Bedreiwergesellschaft sinn, wann ee bedenkt, datt de gréissten Aktionär Yves Bouvier seng aner Freeporten op der Welt ofgestouss huet, gëtt den CSV-Parlamentarier Laurent Mosar ze bedenken.

Um Méindeg war d'Finanzministesch Yuriko Backes an der Finanz- a Budgetskommissioun, fir an deem Dossier de Point ze maachen.

D'CSV sot sech no den Aussoe vun der liberaler Ministesch awer méi wéi enttäuscht. D'Regierung wier net proaktiv a géing d'Gespréich mam ëmstriddenen Exploitant net sichen. Op alle Fall géing Lëtzebuerg deen Entrepot fir Konschtwierker a Luxusgidder net brauchen

"Mir mengen et wier gutt, wann d'Regierung a Luxairport där Struktur eng aner Affektatioun géinge ginn."

Extrait Laurent Mosar (1)

Och wéinst dem aktuelle Kontext vum Krich sollt d'Zukunft vum Freeport iwwerduecht ginn, fënnt de Laurent Mosar:

"Mir hu Sanktiounen. An deem Freeport wären anscheinend Wueren a Wäertobjeten vu russesche Staatsbierger an Héicht vun 210 Milliounen agefruer ginn. Dat seet sou munches aus iwwer d'Clientèle vum Freeport."

Extrait Laurent Mosar (2)

De Kontrakt mam Gestionnaire leeft eigentlech op 30 Joer. Och d'Vertrieder vum Groupe d'action financière GAFI wäerte bei hirer Visitt Froe stellen, sou nach den CSV-Politiker.

E Mëttwoch huet de Finanzministère nach emol op d'Affär reagéiert a preziséiert, et wier net um Staat ze intervenéieren:

"De Staat huet de Kader gesat, fir d'Aktivitéit vum Freeport ze erméiglechen an ze encadréieren, notamment wat d'Anhale vu Steierreegelen an och Anti-Blanchiments-Regelen ugeet.

Et ass awer net um Staat fir bei enger Privatfirma oder hirem Aktionär ze intervenéieren, wann enger Firma hier Aktivitéiten sech net esou entwéckelen, wéi si dat virgesinn hat an/oder kee Benefice mécht."