D'Schoulflicht hei am Land soll vu 16 op 18 Joer eropgesat ginn. Dat plangt den Educatiounsminister Claude Meisch.

Déi zwee zousätzlech Joer riskéieren, de Problem vum Schoulofbriechen a vum Chômage vun net-qualifizéierte Jonken net ze léisen, mengt d'CSL. Dat géif déi perséinlech Fräiheet aschränken an et géife sech ganz vill Froe stellen.

Et misst ee méi un der Offer schaffen an eng méi laang Schoulflicht hätt och negativ Aspekter.

Si géif verhënneren, datt e Jonke mat 16 kéint schaffe goen a kéint cotiséieren. De Code du travail géif donieft och virgesinn, datt ee scho mat 15 Joer d'Méiglechkeet huet, schaffen ze goen.

D'Chambre des salariés fäert, datt de Gesetzprojet virop e Versuch ass, fir d'Zuele vum Décrochage scolaire – dat heescht d'Schoul ouni Ofschloss ofzebriechen - ze verschéineren.