Sträit a Feindséilegkeeten ginn et net eréischt säit et Internet gëtt. Do wou Mënsche sech begéinen treffen och verschidde Meenungen openeen an Diskussioune ginn ugereegt. All Mënsch huet d’Recht seng Meenung fräi an ongefiltert ze äusseren. Mee et ginn awer och Grenzen.

Hatespeech (Haass-Kommentaren) ass den Ausdrock vun Haass iwwert déi verbal Sprooch, Texter, Fotoen oder Videoen géingt Eenzelpersounen oder Gruppen, ganz besonnesch duerch Ausdréck déi dozou déngen aner Mënschen ze erniddregen. Als Synonym kann een Haass-Kommentaren, Hetz oder Beleidegungen soen. D’Ausdréck sinn oft rassistesch, antisemittesch oder sexistesch.

Wien ass betraff?

Laut enger representativer Ëmfro am Optrag vun Hate Aid an der Alfred-Landecker-Stëftung (2021, duerchgefouert bei insgesamt 2000 Leit am Alter vun 18 bis 80 Joer aus allen EU-Memberlänner) hunn 91% vun de jonken Erwuessenen scho mi dacks Haass an Hetz am Internet als Zeien gesinn. 50% vun deene jonken Erwuessenen vun 18 bis 35 Joer waren souguer scho perséinlech vun digitaler Gewalt betraff. Laut der Landesanstalt für Medien NRW (eng Studie vun 2018) hu schonn 96% vu jonken am Alter vun 14 bis 24 Joer Haass-Kommentaren online erlieft (entweder se ware selwer betraff oder hu se passiv matgelies). Dëst läit dorun well Kanner a Jugendlecher op de soziale Netzwierker (Instagram, Snapchat, YouTube, Tiktok…) besonnesch aktiv sinn.

Wouhier kënnt den Haass am Netz?

Op de soziale Netzwierker kann ee gesinn wien erniddregend Usiichten huet. De Sozialpsycholog Andreas Zick schwätzt vun „Mënschefeindlechkeet déi op Gruppe bezunn ass“, engem Verhalen, dat Mënschen diskriminéiert oder mat Virurteeler belaascht oder erniddregt, well se enger bestëmmter Gesellschaftsgrupp ugehéieren (Relioun, sexuell Orientéierung, Hierkonft oder sozial schwaach Mënschen). D’Ursaach ass laut dem Här Zick meeschtens e Manktem u Selbstwäertgefill oder d’Angscht, dass een aneren engem eppes ewechhëlt. Andeems een eng aner Grupp erniddregt, gëtt engem seng eege Grupp opgewäert. Den Här Zick schwätzt hei vum Wonsch op Muecht, „Mir“ géingt „Si“.

Aner Grënn vun Haass-Kommentaren kënnen och d’Provokatioun an d’Austeste vu Grenze sinn, d’Kompensatioun vu Frust- an Mannerwäertegkeetsgefiller, d’Angscht säi Status ze verléieren, Peer-Drock, politesch-ideologesch Iwwerzeegungen, heiansdo aus Spaass (Erjavec/Kovacic, 2012; Ballaschk et al., 2021). Dës Faktoren nennt ee „Push-Faktoren“, si stellen d’Motivatioun duer, déi d‘Leit dozou beweegen.

E weidere Faktor ass déi sougenannt Filterblos. Mir hunn éischter Kontakt mat Mënschen, déi eng änlech Meenung vertrieden an d’Algorithmen weisen eis Inhalter déi eisen Interessen entspriechen. Doduerch kann et virkommen, dass an eiser Filterblos sech Meenungen géigesäiteg héichschaukelen a radikaliséieren. Et feelt u Géigereaktiounen, déi esou Diskussiounen erofbréngen, dës ginn och „Pull-Effekt“ genannt.

E Gespréich ouni Gesiicht ka ganz schnell zu Haass op de soziale Netzwierker verleeden. Engersäits poste vill Leit op de soziale Netzwierker anonym an trauen sech och dofir ëffentlech ze hetzen. Och ass dem Géigeniwwer seng Mimik, Gestik a Kierperhaltung op de soziale Netzwierker net ze erkennen. Déi feelend Resonanz kann hemmungslos maachen.

D’Konsequenzen vun Haass-Kommentaren – Kanner hunn en héije Risk

Haass-Kommentaren verletzen, maachen engem Angscht a se kënnen déi mental Gesondheet vu Betraffenen staark beanträchtegen. Ganz besonnesch Kanner a Jugendlecher gi veronséchert. Hiert Selbstwäertgefill gëtt geschwächt. Aus Angscht a Schimmt traue Kanner a Jugendlecher sech dacks net no Hëllef ze froen an sech un eng Vertrauenspersoun ze wenden. Kanner hunn nach net wierklech Mediekompetenz a kënnen dowéinst Geforen net aschätzen a wëssen net ëmmer wéi si sech schützen oder wiere kënnen.

Wat kann ee géingt Haass-Kommentaren maachen?

D’Meenungsfräiheet huet Grenzen. Jiddereen huet d’Recht seng Meenung ze äusseren, awer net mat Haass-Kommentaren. Och am Internet an op soziale Netzwierker ginn et Gesetzer. Haass-Kommentaren sinn iwwert d’Gesetz géingt Erniddregungen, Beleidegungen, a Schutz vun der Privatsphär reguléiert.

Als aller éischt soll ee Beweiser sécheren (Screenshot späicheren). Haass-Kommentaren kënnen direkt op deene verschiddenen Plattformen (Facebook, Instagram,…) gemellt ginn, den Auteur ka blockéiert ginn. D’Plattform kann Haass-Kommentaren läschen oder verbiergen.

Betraffener oder Zeien kënnen Haass-Kommentaren op der BEE SECURE Stopline mellen. D‘Inhalter gi vun Analysten op Illegalitéit gepréift an un d’Police weidergeleet. Persounen, déi direkt betraff sinn kënnen eng Plainte bei der Police maachen.

Wann dir Zeien vun Haass-Kommentaren sidd, weist Zivilcourage. Mellt dës Haass-Kommentaren bei der BEE SECURE Stopline. Wann der iech traut kënnt der och matdiskutéieren a probéieren dat Ganzt nees op eng sachlech Eeben zréckzebréngen. De sougenannte „Counterspeech“ oder Iwwerzeegungsaarbecht ass dacks net hëllefräich a mécht d’Diskussioun oft nach mi schlëmm – „don’t feed the troll“. Am allgemengen ass et hëllefräich Aussoen kritesch ze hannerfroen, Fake News ze entlarven a Behaaptungen net einfach ze gleewen.

Kuckt net ewech, mellt Hatespeech bei der BEE SECURE Stopline: https://stopline.bee-secure.lu/de.