D'Gewerkschaften hirersäits weise sech zefridden mam "Solidaritéitspak 2.0", d'Patronat dogéint ënnerschreift dëse mat der Fauscht an der Täsch.

"Zwou grouss Tripartitten an engem Joer, dat ënnersträicht déi aussergewéinlech d'Situatioun, an där mer sinn", dat huet de Staatsminister Xavier Bettel a senger Regierungsdeklaratioun an der Chamber betount, nodeems d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaften am e Mëttwoch am fréien Nomëtten den Accord aus der Tripartite offiziell ënnerschriwwen hunn.

De Solidaritéitspak 2.0 kascht de Staat 1,1 Milliarden Euro. En huet als Zil, d'Inflatioun ze bremsen, de Stéit an de Betriber duerch spezifesch Moossnamen ze hëllefen an déi energetesch Transitioun ze favoriséieren.

"Et sinn all déi verschidde Zenarioe gemaach ginn, dat do ass deen, wou dee gréissten Impakt op d'Inflatioun huet" - dat sot de Staatsminister Xavier Bettel bei der Presentatioun vum Tripartitesaccord an der Chamber. Dofir géingen den Deckel um Stroumpräis an d'Ënnerstëtzung bei Gas, Masutt a Pelletts flächendeckend, an net méi cibléiert wierken. D'Inflatioun bremse wier ee d'Haaptprioritéit vun de Sozialpartner gewiescht, sou de Xavier Bettel. "Mir hunn als Land kaum Afloss op d'Entwécklung vun den Energiepräisser, mir importéiere ronn 80% vum Stroum a jee 100% vum Gas a vum Pëtrol aus dem Ausland. Dofir hu mir no nationale Léisunge gesicht, fir d'Inflatioun auszebremsen. D'Resultat ass en Anti-Inflatiounspak, dee sou an där Form an Envergure esou am Grand-Duché och nach ni ginn ass."

Extrait Xavier Bettel

D'Verhandlunge wieren och dës Kéier net einfach gewiescht, esou de Premier, mä et hätt een et zesummen fäerdegbruecht, eng gutt gemeinsam Léisung ze fannen an dat an enger Zäit, wou mer an enger vun deene schlëmmste Krisen an der Geschicht vun eisem Land sinn a wou d'Leit an d'Betriber séier Hëllef bréichten.

De Xavier Bettel sot, hie wier frou, datt mat dësem Accord keng Indextranche ewechfält. Sollt dat anert Joer nach eng drëtt Tranche fälleg ginn, gëtt och déi nieft deenen zwou aneren ausbezuelt. D'Regierung engagéiert sech awer an deem Fall, de Betriber déi Tranche fir de Rescht vum Joer ze kompenséieren. Am Fall vun enger drëtter Tranche géif awer och d'Tripartite nach emol zesummekommen.

Dat wier och de Fall, wa sech géif erausstellen, datt ugangs 2024 mat engem weideren Inflatiounsschock ze rechne wier. An deem Fall géife Regierung, Patronat a Gewerkschafte sech zesummesetzen, fir driwwer ze beroden, wéi ee lues a lues den Anti-Inflatiounsmesuren en Enn setzt.

De Staatsminister huet drop higewisen, datt d'Regierung zesumme mat de Mesurë vum Energiedësch an deenen aus der éischter Tripartite am Fréijoer ronn 2,5 Milliarden Euro mobiliséiert huet. Eng Zomm, déi ganz héich wier, och am Verglach mam Ausland.

Ënnerschiddlech Gefillswelt bei Patronat a Gewerkschaften

Nodeems d'Sozialpartner en Dënschdegowend vun der Regierung de finalen Entworf vum Tripartitesaccord kruten, huet ee beim Patronat net schlecht gestaunt. Et hunn nämlech déi zwee Paragraphe gefeelt, déi reegelen, datt am Fall, wou d'nächst Joer eng drëtt Indextranche fälleg gëtt, d'Entreprise vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn an, datt ee virum 1. Januar 2024 nach eng Kéier beienee kënnt, fir ze kucken, wat ee mécht, wann d'Mesuren aus dem aktuellen Ofkommes auslafen. Dowéinst gouf e Mëttwoch de Moien nach eng Kéier nogebessert. Mä och wa Gewerkschaften a Patronat schlussendlech ënnerschriwwen hunn, ass d'Gefillswelt op béide Säite ganz ënnerschiddlech.
Sou freet d'OGBL-Presidentin Nora Back virun allem, datt den Indexsystem erhale bleift an d'Inflatioun duerch d'Afréiere respektiv Deckele vun den Energiepräisser gebremst gëtt. De Reproche, datt grad d'Deckelung vun den Energiepräisser net sozial selektiv wier, léisst si net gëllen.

"D'Leit hunn net alleguer de Choix, d'selwecht vill ze spueren. Vill Leit mat niddrege Revenuen, déi a Passoire thermique liewen, kënnen hir Gasconsommatioun guer net sou aschränke wéi anerer. Locatairen hu mol guer keen Afloss drop, wéi an hirem Haus gehëtzt gëtt. Dowéinst ass et schwiereg, d'Leit finanziell ze bestrofen, fir datt se op d'Iddi kommen, ze spueren."

Extrait Nora Back

Et géing ee lo op ee kollektiven Effort beim Energiespuere setzen. Och d'Presidente vun LCGB a CGFP, Patrick Dury a Romain Wolf, hu sech erfreet gewisen, datt de Leit séier gehollef géing ginn. Ze bedauere wier just, datt de Krich an der Ukrain wuel nach laang net um Enn wier.

"Mir sinn net frou, mee dat, wat rauskomm ass, ass dat, wat méiglech war", esou resuméiert den UEL-President Michel Reckinger den Accord. Op d'mannst hätt een erreecht, datt d'Entreprisë "nëmmen" zwou an net bis zu fënnef Indextranchë bezuele mussen. Den Index wier an der aktueller Kris nämlech dat falscht Instrument. "Den Index ass total antisozial, dobäi bleiwen ech. D'Schéier tëscht Aarm a Räich geet auserneen. Wann déi aner Säit dat net begräife wëll, da verstinn ech et och net méi. Mee dat ass a bleift meng Meenung an och d'Meenung vu menge Memberen."

Extrait Michel Reckinger

Dowéinst wier ee bei der UEL och laang am Gaang gewiescht, d'Membere vum Accord z'iwwerzeegen. Datt am leschten Entworf zwee Paragraphe gefeelt hunn, wier wuel ee Mëssel gewiescht, et géing een op alle Fall Kengem schlechte Wëllen ënnerstellen.

Politesch Reaktiounen aus der Chamber

Tripartite-Debat an der Chamber / Reportage Fanny Kinsch

D'CSV ënnerstëtzt den Tripartitesaccord. Allerdéngs hätt d'Regierung et a gudden Zäite verpasst, ze spueren, esou de Co-Fraktiounschef Gilles Roth. An d'Upasse vun der Steiertabell un d'Inflatioun wier dréngend néideg. "D'Leit brauche méi Netto vum Brutto. D'Leit däerfen an der Wanterkeelt net nach zousätzlech op där kaler Steierprogressioun sëtze bleiwen. Wat d'Leit brauchen, ass vill méi eng Progressioun vun der Steiergerechtegkeet."

Och d'LSAP hätt eng Steierreform zousätzlech zum Accord gär gesinn, sot hire Fraktiounschef Yves Cruchten. "Wa sech déi Zuelen zu de Staatsfinanzen, déi d'Madamm Finanzministesch eis dës Woch presentéiert huet, an den nächste Méint confirméieren, da kënnt keng Regierung méi dolaanscht, eng Steierreform ze maachen. Da ginn et och keng Argumenter méi dogéint an och keng Excusen."

D'Kritik, duerch den Tripartitesaccord géing et keen Incentive méi ginn, fir ze spueren, wollte weder d'LSAP nach déi Gréng sou stoe loossen. D'Präisser wieren elo schonn héich, sou déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. "Wat den Accord awer ganz sécher net verhënnert, ass spueren. D'Spuere vun Energie bleift esou wichteg wéi ni virdrun an ech sinn iwwerzeegt, datt de Message mëttlerweil iwwerall ukomm ass."

Déi dräi kleng Oppositiounsparteien hunn net mat Kritik un der Regierung gespuert. Sou huet de Fernand Kartheiser vun der ADR bezweifelt, datt d'Reduzéierung vun der TVA ëm ee Prozent wierklech eppes bréngt. Am Ausland wier dës deelweis ëm d'Hallschent no ënne gesat ginn. Generell wier déi Lëtzebuergesch Steierpolitik falsch. "Déi kal Progressioun an d'Net-Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun bedéngen, datt d'Leit vill ze vill Steiere bezuelen. Et fält hinne just net op, well d'Tauxen net nominell an d'Luucht gesat ginn. Et ass awer sou, datt d'Leit hei am Land méi Steiere bezuele wéi den Taux ass. De Staat zitt de Leit all Joer Suen aus der Täsch, déi en net dierft huelen."

D'Myriam Cecchetti vun Déi Lénk huet den Tripartitesaccord als Show bezeechent, well d'Deputéiert den Text réischt eng Stonn virun der Sëtzung geschéckt kruten. Ee seriöen Debat géing net an d'Kommunikatiounsstrategie vum Xavier Bettel gehéieren. Et gouf awer och inhaltlech Kritik, notamment un der aus hirer Siicht feelender sozialer Selektivitéit. Dowéinst fuerderen Déi Lénk eng Krisesteier fir Privatpersounen an Entreprisen. "Am beschten ass et, d'Suen do sichen ze goen, wou se sinn. Dowéinst schloe mir eng eemoleg Krisesteier vu 15 Prozent fir Leit mat engem besteierbaren Akommes vun iwwert 150.000 Euro a Betriber mat engem besteierbare Benefice vun iwwer 200.000 Euro vir. Dat wier einfach ëmzesetzen a géif viraussiichtlech iwwer eng Milliard un neie Recette generéieren an d'Krisemesure géigefinanzéieren."

De Piraten-Deputéierte Sven Clement huet monéiert, datt d'Regierung d'Eropsetze vum Mindestloun op den 1. Januar 2023 als Entlaaschtungsmesure am Kader vun der Tripartite verkafe géing. De Mindestloun géif souwisou all zwee Joer ugepasst. Gefeelt hunn dem Sven Clement och Mesuren am Beräich Logement. "Mat de souwisou schonn héije Präisser an de lo méi héijen Zënsen op Prête gëtt et fir vill Leit schwéier, hiren aktuelle Prêt nach ze finanzéieren. D'Loune gëtt och net méi einfach hei am Land, well d'Baileuren och meeschtens iwwer Prête finanzéiert sinn. Sou hätt kéinten de steierlech ofsetzbare Plaffong op den Immobiliëprêten an Zënse gehéicht ginn, sous Konditioun, datt d'Leit selwer do wunnen."

Bei aller Kritik ware sech awer all d'Riedner doriwwer eens, datt et gutt wier, datt iwwerhaapt een Accord tëscht de Sozialpartner zustane koum. Um Enn vun der Sëtzung gouf eng Motioun vun de Majoritéitsparteien, d'Regierung zum Ëmsetze vum Accord opzefuerderen, mat 54 Jo-Stëmmen a sechs Enthalungen ugeholl.

Elo sollen d'Mesuren aus der Tripartite a Gesetzer ëmgesat ginn, dofir gouf déi speziell Chamber-Tripartiteskommissioun nees aktivéiert.