E Freideg de Moie koum et géint 9.20 Auer op engem Chantier an der Stad um Boulevard Konrad Adenauer zu engem déidlechen Aarbechtsaccident.

Een Aarbechter ass aus bis ewell net gekläerter Ursaach an e Schacht gefall. Trotz der Interventioun vun engem Noutdokter ass de Mann nach op der Plaz gestuerwen.

D'ITM an d'Police technique waren op der Plaz.