Eng 200-300 Leit hunn e Freiden den Owend an der Stad géint d'Pandemiegestioun vun der Regierung demonstréiert.

D'Manifestatioun huet sech selwer als Marche Blanche bezeechent. Dobäi waren och Supporteren aus der Belsch, Frankräich an Däitschland.

D'Leit si vun der Philharmonie iwwert d'rout Bréck duerch d'Uewerstad bis op d'Place Clairefontaine getrëppelt. Op der Plaz goufe Riede gehalen, déi d'Politik an de medialen Ëmgank mat der Coronakris a Fro gestallt hunn. Geschwat huet ënnert anerem den Dr. Benoît Ochs, dee vun Abrëll 2022 un ee Joer laang net méi exerzéieren duerf, well hie géint de Code de déontologie verstouss hätt. Och de fréiere gréngen Deputéierten Jean Huss huet d'Wuert ergraff.