Tëscht Kruuchten a Schrondweiler gouf et 1 Blesséierten duerch en Autosaccident.

An tëscht dem Waldhaff a Gonnereng sinn 2 Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf 1 Persoun verwonnt.

E Samschdeg kuerz viru 15 Auer huet et op der A1 tëscht Fluessweiler a Mënsbech gerabbelt. An den Accident waren zwee Autoe verwéckelt. Nieft de Pompjeeë vu Kanech a Fluessweiler war och de Stater Samu am Asaz, grad ewéi d'Ambulanz vu Mäertert. Eng Persoun gouf blesséiert.