Géint 11 Auer krute sech e Méindeg de Moien eng Camionnette an e Camion op der N31 ze paken.

Wéi et heescht solle sech e Camion an eng Ambulanz-Camionnette frontal ze pake kritt hunn, d'Grënn sinn nach net gekläert. 4 Persoune goufe blesséiert.

Op der Plaz waren de Samu an eng Partie Ambulanzen.

D'Streck war bis géint 13.30 Auer komplett gespaart. Vun der Police war et den Appell, d'Plaz groussraimeg z'ëmfueren.