Um kuerz no 11 Auer gouf dës Granat bei Baggeraarbechten entdeckt.

D'Ëmgéigend gouf säitens der Police dunn direkt fir de Verkéier gespaart an d'Experte vun der Arméi goufen op d'Plaz geruff.

D'Granat gouf dunn an e Bësch bruecht, net wäit vun der Plaz wou se fonnt gouf. Mëttels enger kontrolléierter Sprengung ass d'Granat dunn neutraliséiert ginn.

Géint 13.40 Auer war déi gespaarte Streck nees fir de Verkéier.