D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een op 1.132 geklommen ass.

Aktuell si 26 Persounen hospitaliséiert, zwee dovunner leien op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.786 Impfdosisse genotzt a ronn 30 Prozent vun de Corona-Fäll waren Neiinfektiounen.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,20. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.