Dat froen d'LSAP-Deputéiert Simone Asselborn an Dan Biancalana de Staatsminister Xavier Bettel an enger parlamentarescher Fro.

Deen äntwert, datt et sech bei der Decisioun, fir d'Fändelen op Hallefmast ze setzen, ëm eng Decisioun handelt, déi de Staatsminister eleng hëlt an déi exzeptionell ass. Fir d'lescht war dat, nieft nationalen Trauer-Deeg, de Fall 2005, wéi de Poopst Jean-Paul II verscheet war.

Och déi diplomatesch an historesch Relatioune mat engem Land, der Zort vun Evenement an der Funktioun, déi de Concernéierten hat, nennt de Staatsministère als Begrënnung. Datt misst driwwer legiferéiert ginn, wéini d'Fändelen op hallef Héicht gezu ginn, hält de Xavier Bettel fir onnéideg.