Dat wier der Policegewerkschaft no de Wee no vir. Mee d'Léisunge vun der Stater Oppositioun leien deels wäit auserneen. RTL hat nogefrot.

Et ass 6 Auer moies, wéi de Grupp sech vum Kommissariat op der Gare aus op de Wee an de Quartier mécht. Wann och net vill, sinn awer e puer Sans-abrien ze gesinn, déi op der Strooss iwwernuecht hunn. Beim Tour duerch de Quartier fanne sech och d'Spuere vu Leit, déi well opgestane sinn. Eise Wee féiert ons bei ee Gebai vun der Ecole Gare an der Rue du Commerce. Vill Eltere maache sech Suergen iwwert d'Ëmfeld, an deem hir Kanner Dag fir Dag an d'Schoul ginn.

Dr. Jean-Marc Cloos, Member vun der Elterevereenegung Ecole Gare:

"Hei an der Rue du Commerce stinn zwou, dräi Prostituéierter, an där nächster Strooss ass ee Sexshop, wann der weider ronderëm fuert, hutt der Leit, déi Alkohol gedronk hunn a massiv do stinn, do intervenéiert d'Police jo och reegelméisseg, e bëssi méi erof si Clocharden, déi do schlofen oder heeschen. Dat heescht ronderëm eng ganz Schoul hutt der wierklech eng grouss Zeen vu Prostitutioun, Drogekonsum, Alkoholkonsum an ee Sexshop. Dat ass par Rapport zu Kanner, déi hei ënnerriicht ginn, net formidabel."

Wie sech e bëssi am Garer-Quartier ëmkuckt, deem fält op, datt fir déi fréi Auerzäit scho relativ vill dubiéis Aktivitéiten amgaang sinn. D'Presenz vun de Beamten an zivil an enger Kamera gëtt dobäi éischter als Stéierung empfonnt. Et falen deels och méi defteg Wierder a verschidde Geste brauche keng Erklärung. Wie mat deene Poliziste schwätzt, déi op der Gare hiren Déngscht leeschten, mierkt, datt si bis zu engem gewësse Grad frustréiert sinn. Si wiere net zu genuch an hätten net déi néideg legal Mëttelen, fir d'Situatioun Meeschter ze ginn. Dowéinst ass et vun der SNPGL de Ruff no enger Politik vun der haarder Hand.

Pascal Ricquier, President SNPGL:

"Mir denken, datt et eng Méiglechkeet wier, wärend e puer Méint richteg duerchzegräifen. Et muss ee Grupp an der Police geschaaft ginn, dee sech just dorëms këmmert. Do muss natierlech jidderee matspillen, och de Parquet, well soss kréie mir dat doten net méi an de Grëff. Ech mengen, wa Lëtzebuerg nach e bëssi nokuckt, da kréie mer dat doten ni méi an de Grëff."

Ma och de Responsabele vun der Policegewerkschaft ass bewosst, datt een net all d'Phenomener am Garer-Quartier an een Dëppe schmäissen dierf an et mat repressive Mesuren eleng net gedoen ass. Grad Leit, déi keen Ënnerdaach hunn, misste gehollef kréien. Wéi d'Sonn e bëssi méi spéit bis op ass, fänkt da fir vill Leit een Dag un, dee mat der Liewensrealitéit vun enger gewësser Populatioun op der Gare net ganz vill ze dinn huet.

Stater Oppositiounsparteie reagéieren op d'Situatioun

Mir hunn dann och bei Vertrieder vun der Stater Oppositioun nogefrot, wéi si d'Lag aschätzen. Dobäi fält op, datt d'Léisungsusätz vun Déi Gréng, LSAP, Déi Lénk an ADR deels nawell wäit ausernee ginn.

Datt et op der Gare, notamment am Beräich ronderëm d'Stroossbuerger Strooss, d'Rue du Fort Wedell an d'Rue du Commerce, ee Problem mat Kriminalitéit a Verbindung mat Droge gëtt, do si sech d'Vertrieder vun de Stater Oppositiounsparteien eens. Et wier awer illusoresch ze mengen, datt d'Police d'Situatioun eleng Meeschter kéint ginn. Nieft Repressioun misst een och op Präventioun a sozial Mesurë setzen. Déi Gréng plädéieren hei fir dezentral Strukturen a kritiséieren d'Virgoe vu Gemeng an engem Deel vun de staatlechen Autoritéiten.

François Benoy, Gemengeconseiller Déi Gréng:

"Mir mussen d'Leit vun der Strooss kréien, also brauche mer Housing-First-Méiglechkeeten, eng nidderschwelleg Offer fir d'Leit vun der Strooss an a Wunnstrukturen ze kréien a se do ofzehuelen, wou se sinn. Do kéint d'Stad Lëtzebuerg viru maachen, datt mer méi där Projete kréien. Ech erwaarde mer och vun der Familljeministesch méi."

Och déi Stater Sozialiste schwätze vun enger globaler Approche, et misst rëm méi Liewen an de Garer Quartier kommen. D'Gentrifizéierung wier dobäi awer definitiv keng Léisung.

Gabriel Boisante, Gemengeconseiller LSAP:

"De Problem an der Gentrifizéierung ass, datt d'Leit, déi do wunnen, och eng Justifikatioun hunn. Et schwätzt ee vu Caféen, et schwätzt ee vu Commerce, mee et schwätzt een och vu Spideeler a Servicer. Déi Leit, déi an deene Beräicher schaffen, mussen och an der Géigend wunnen. Wa mer nëmme mat Gentrifizéierung schaffen, wou wunnen dann déi onqualifizéiert Aarbechter? Gi se da méi wäit an eng aner Gemeng?"

Déi Lénk fuerderen een Ëmdenke bei der Drogepolitik, Repressioun hätt an de leschten 100 Joer net zu engem Succès gefouert.

Ana Correia da Vega, Gemengeconseillère Déi Lénk:

"Mir plädéiere fir eng Liberaliséierung an Depenaliséierung vun den Drogen, datt de Staat déi Verantwortung iwwerhëlt. Et mussen aner Mechanisme kommen, wéi a wou een Droge konsuméiert. De Staat soll déi Verantwortung iwwerhuelen an et net dem Schwaarzmaart iwwerloossen.

Bei der ADR plädéiert een och fir Preventioun, ma dorënner géing och eng méi staark Policepresenz um Terrain gehéieren. D'Beamte missten do agesat ginn, wou se gebraucht ginn.

Roy Reding, Gemengeconseiller ADR:

"Anstatt datt se iergendengen ONGen hire Registre du bénéficiaire économique moies um siwen Auer mat dräi Beamte kontrolléiere geet, wier et vläicht besser, hei Presenz ze weisen, do wou et néideg ass. Dofir begréisse mir als ADR ausdrécklech, datt vun der Gemeng privat Sécherheetsfirme mat derbäi gezu ginn. Obwuel dat eigentlech een Trauerspill ass."

Et ass een Thema, bei deem keng vun de Parteien een Allheelmëttel offréiere kann. Och dowéinst dierft et d'nächst Joer am Walkampf wuel déi eng oder aner méi emotional Diskussioun ginn. Et stellt sech och d'Fro, wéi vill vun de ronn 80 Prozent Auslänner, déi am Garer Quartier wunnen, sech op d'Wielerlëschten androe ginn.