D'Stëmm vun der Strooss huet e Spendenopruff gemaach, fir Wantergezei ze sammelen a sou de Sans-Abrien an anere Leit an Nout duerch de Wanter ze hëllefen.

Si hunn zwou Kleederstuffen, wou si Clienten empfänke kënnen: eng zu Hollerech an eng zu Esch. Hei waarde Mutzen, Schalen, Jacketten a villes méi op en neie Besëtzer. D'Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss, erkläert ewéi wichteg proppert Gezei ass.

"Wann ech propper sinn, kann ech mech virstelle goe fir eng Aarbecht, ech ka bei en Assistant social goen, ech ka bei den Dokter goen. Dat seet scho vill iwwert mech aus, ob ech Wäert op mech leeën, ob ech wëll aus der Situatioun erauskommen an där ech sinn."

Wann een dës Aktioun ënnerstëtze well, kann ee seng Saache vu Méindes bis Freides ofginn an zwar tëschent 08:30 Auer a 16:15 Auer. Dat zu Hollerech, zu Esch oder zu Schëndels. Gebraucht gëtt virun allem Männergezei vun Ënnerwäsch, iwwer Pulloveren a Jackette bis zu Wanterschong. Ma och Schlofsäck, Rucksäck an Decke si wëllkomm.

Leit an Nout ze hëllefen, wier selbstverständlech, esou d'Alexandra. Et ass en Appell un d'Solidaritéit vu jidderengem. Well fir datt hatt a seng Ekipp kënne Kleedung verdeelen, brauche se als éischt emol Leit, déi der bei hinnen ofginn.

Weider Informatioune fannt Dir op www.stemm.lu.