Haaptsächlech d'Reduktioun vum Capital investi vun aktuell 5 op 3,5 Prozent stéiert d'Asbl, déi vum Affekot Georges Krieger vertruede gëtt.

De Capital investi bestëmmt zesumme mat anere Koeffizienter, wéi vill Loyer ee Proprietär ka froen. De Georges Krieger freet, firwat Leit an Zukunft dann nach sollen an de Logement investéieren, wa se no den Zënshausse méi Rendement hunn, wa se hir Suen op e Bankkonto setzen.

Nodeems den Herni Kox seng Reform justifiéiert huet, andeems hie sot, datt den neie Regime net vill un de Loyere géing änneren, freet den Affekot a Proprietär, firwat dann iwwerhaapt eng Reform soll gemaach ginn? Wann ee misst handelen, da misst een eng sozial Berouegung ustriewen an net nach méi onnéideg Tensioune schafen, sou nach d'Union Luxembourgeoise de la Propriété immobilière.