Géint 20.10 Auer e Mëttwoch den Owend koum et zu enger Kollisioun tëscht zwee Automobilisten, dat tëscht Esch a Keel.

Zwee Autoe sinn op der Route nationale 31 anenee geknuppt, zwou Persoune goufe blesséiert. Och de SAMU war op der Plaz.

Virdrun, um kuerz viru 6 Auer Owes, ass op der A13 a Richtung Schengen en Automobilist mat sengem Won an eng Leitplank gerannt, hei gouf eng Persoun blesséiert.

Géint 16.45 Auer en Donneschdeg de Mëtteg war en Auto um CR134 tëscht Gouschteng an Éinen an de Gruef gefuer, hei gouf eng Persoun blesséiert.