Op den Dag sinn et 3 Joer hier, datt an der Stad um Chrëschtmaart um Knuedler e klenge Bouf vun enger Äis-Skulptur getraff gouf a gestuerwen ass.

11 Persoune wäre wéinst dem déidlechen Accident beschëllegt, sou déi geschriwwe Press en Donneschdeg de Moien. Iwwer hir Identitéit wollt de Parquet awer näischt soen.

D’Ermëttlunge sinn awer nach net opgeschloss. Eréischt dann decidéiert sech och, wie sech vun de Beschëllegte muss viru Geriicht veräntwerten.

U sech sollt d’Enquête schonn am Summer ofgeschloss sinn, mä den Affekot vun engem Ugekloten huet weider Iwwerpréiwunge gefrot.