De Beamten ass ee Chauffer an d'Netz gaangen, deen net just ze vill gedronk hat, mee och nach ouni Fürerschäin ënnerwee war.

Am Kader vun enger Kontroll zu Iechternach stoungen d'Beamte op der Route de Luxembourg, wou den Automobilist einfach laanschtgefuer ass. De Chauffer huet op de Gas gedréckt a seng Luuchten ausgemaach, mee trotzdeem konnt d'Police hien no kuerzer Zäit pëtzen.

Den Automobilist war direkt gestänneg an huet zouginn, datt hie kee Fürerschäi méi hätt. Géint de Mann war schonn ee Fuerverbuet ausgeschwat ginn. De Beamten ass zudeem opgefall, datt de Chauffer no Alkohol gericht huet. No engem positiven Alkohol- an Drogeschnelltest huet de Mann allerdéngs refuséiert, fir eng Ënnersichung mat an d'Klinik ze kommen. Wéi d'Police matdeelt gouf eng Prozedur fir ee weidere Fürerschäinentzuch ageleet. De Mann hat iwwerdeems och nach Kokain bei sech, esou dat och nach een Verstouss géint d'Drogegesetz festgestallt gouf.

Op dem CR134 tëscht Gouschteng an Éinen ass en Donneschdeg géint 16.40 Auer iwwerdeems een Accident geschitt, an deem e Chauffer ze vill gedronk hat. En Auto war vun der Strooss ofkomm. De Chauffer gouf dobäi blesséiert. No enger éischter Behandlung op der Plaz gouf hien an d'Spidol bruecht. Säin Alkoholtest war positiv a géint den Automobilist gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat. Wärend den Opraumaarbechten misst d'Streck komplett fir de Verkéier gespaart ginn.

Géint 7.20 Auer um Freideg de Moien ass iwwerdeems nach en Auto géint e Bam gerannt, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Dat war bei Buerschent, a Richtung Bierden.

D'Police mellt dann nach zwou Alkoholkontrollen um Donneschdeg den Owend. Tëscht 21.45 an 1 Auer goufen 255 Automobilisten op der N7 zu Ettelbréck an nach emol op der nämmlechter Stréck zu Angelduerf kontrolléiert. A sechs Fäll ass den Alkoholtest positiv ausgefall, dräi Fürerschäiner goufen op der Plaz agezunn.