Am Laf vum Moien haten technesch Problemer d'Servicer vun der Spuerkeess limitéiert. De Problem ass antëscht awer geléist.

Um Méindeg de Moie goufen et technesch Problemer um ganzen informatesche Reseau bei der Spuerkeess. Betraff ware souwuel d'Agencë vun der Bank, wou d'Traitementer méi lues duerchgefouert goufe wéi soss. Och den S-Net huet tëschenzäitlech net funktionéiert.

D'Spuerkeess hat um Méindeg de Moien Nouvellë confirméiert, déi mer vun den RTL-User gemellt kruten. D'Bank huet sech bei hire Clienten entschëllegt. Op d'Ursaache vum Probleem ass d'Spuerkeess net agaangen.

Déi technesch Problemer sinn antëscht nees behuewen, wéi d'Spuerkeess ënnert anerem iwwer Facebook matdeelt.

RTL