En Donneschdeg de Mëtteg krut d'Police zwou verdächteg Persounen zu Betzder gemellt, déi sech Haiser an der Rue Haupeschhaff sollen ugekuckt hunn.

Bei enger Persounekontroll konnten d'Beamte bei deenen zwee Männer Gewier-Patrounen, Juegd-Kleeder a weider Objeten, déi bei der Juegd genotzt ginn, sécherstellen. Et geet een dovunner aus, datt dës Objete geklaut goufen.

Dës weidere goufen och eng Rei Géigestänn séchergestallt, déi bei Abréch agesat kënne ginn. Am weidere Verlaf vun den Ermëttlunge konnten d'Beamten och erausfannen, datt d'Wanterjackette, déi ee vun de Männer dobäi hat, ufanks November aus engem Auto geklaut gouf.

D'Géigestänn goufe saiséiert a géint d'Männer goufe Protokoller erstallt.