Wéi e Freideg an engem Communiqué matgedeelt gouf, gëtt den Alexander Flassak neie CEO vum lux-Airport.

Zanter Mee dëst Joer war hien als Nofollger vum René Steinhaus jo schonn den Interim-CEO vum Fluchhafebedreiwer, elo huet de Verwaltungsrot hien eestëmmeg als Gerant confirméiert.