De 15. Dezember 1972 sinn déi éischt Bewunner an d'Haus "Solidaritéit" erageplënnert.
5 Joer virdru gouf d'APEMH gegrënnt, d'Association des Parents d'Enfants mentalement handicapé.
1971 huet d'Escher Gemeng der APEMH en Terrain um Nossbierg vu ronn 76 Ar gestëft. Zanterhier liewen a wunnen hei Mënsche mat kognitiver Beanträchtegung, aktuell sinn et der 100.
©
Christophe Hochard (RTL)
©
Christophe Hochard (RTL)
©
Christophe Hochard (RTL)
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Mëttlerweil ginn et op e puer verschiddene Plazen hei am Land Sitte vun der APEMH. Sief et fir ze schaffen oder ze wunnen.
Mat der Ënnerstëtzung vum Aarbechts- a Familljeministère hoffen déi Responsabel vum Centre Nossbierg och déi nächst 50 Joer nach kënne Mënsche mat kognitiver Behënnerung zur Säit ze stoen.
Am meeschte gelies