E Sonndeg den Owend géint 18.50 Auer gouf et um Belair an der Avenue Gaston Diderich eng Kollisioun tëscht zwee Autoen, eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Knapp eng Stonn méi spéit ass zu Esch an der Lëtzebuerger Strooss e Foussgänger ugestouss ginn. Och hei mellt de CGDIS ee Blesséierten.

Kuerz no 22 Auer hat e Chauffer an der Avenue de Luxembourg zu Uewerkäerjeng d'Kontroll iwwert säin Auto verluer a war mat dësem an 2 geparkten Autoe gerannt. Hie gouf dobäi liicht blesséiert a koum mat der Ambulanz an d'Spidol. D'Polizisten, déi op d'Plaz vum Accident geruff goufen, hate festgestallt, dass de Mann ze vill gedronk hat. Doropshi gouf am Spidol eng Bluttprouf geholl. Dem Mann säi Fürerschäi gouf agezunn an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Weiderhin hate Poliziste géint 16.30 Auer e Sonndeg am Nomëtteg e Chauffer ugehalen, dee mat sengem Gefier am Zickzack iwwert d'Rue de Dalheim tëscht Millbech Méideng gefuer war. Bei der Kontroll op der Plaz hat sech erausgestallt, dass de Chauffer Droge consomméiert hat. Doropshi gouf e klineschen Test am Spidol ugeuerdent. Wéi d'Beamten de Chauffer a säi Bäifuerer duerchsicht hunn, konnte si Iwwerreschter vu wäissem Polver, bei deem et sech warscheinlech em Amphetamin a Ketamin gehandelt huet, sécherstellen.

Schliisslech huet d'Police 3 Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn. Dat géint 16.30 Auer e Sonndeg zu Bäreldeng, kuerz virun 19.00 Auer bei der Aire de Wasserbillig op der A1 an Direktioun Tréier a géint 5 Auer e Méindeg de Moien um Parking bei der Beetebuerger Gare.