Leschte Freideg gouf zu Beetebuerg am Park Jacquinot e jonke Mann vun enger Grupp vu 5 bis 7 Jugendlechen iwwerfall a mat engem Messer menacéiert.

Zeien haten de schwéier blesséierte jonke Mann fonnt an hunn direkt d'Rettungsdéngschter alarméiert. De Mann koum mat der Ambulanz an d'Spidol.

D'Täter sinn a Richtung Gare geflücht, nodeems si dem Affer Kleeder a säin Handy geklaut haten.

Persounen, déi eppes gesinn hunn oder soss nëtzlech Informatiounen hunn, gi gebiede sech bei der Police Réiserbann ënnert der Nummer (+352) 244 61 1000 oder per E-Mail: police.reiserbann@police.etat.lu ze mellen.