D'DP vun Déifferdeng huet um Méindeg hir Lëscht mat 19 Kandidaten fir an d'Course fir d'Gemengewalen d'nächst Joer guttgeheescht.

Vun hiren 19 Kandidate sinn der 10 fir d'éischte Kéier op enger Lëscht.

Spëtzekandidate sinn de François Meisch an d'Elisabeth Da Silva.

Hei geet et bei d'Lëscht mat den Nimm vun de Kandidaten.

D'Altersmoyenne läit bei 47,1 Joer, op der Lëscht stinn 8 Fraen an 11 Männer.