Vergläicht een den November 2022 mam Oktober 2022 ass et e Réckgang vun 0,2 Prozentpunkten. Dëst ass z'erklären, datt d'Pëtrolsproduite manner deier waren.

E Mëttwoch de Moien huet de Statec d'Konjunktur-Nott fir de Mount November publizéiert. Op d'Joer gekuckt geet den Inflatiouns-Taux vu 6,9 op 5,9% substantiell erof. Eleng fir de leschte Mount gouf eng Baisse vun 0,2% notéiert par Rapport vum Oktober. Ursaache waren d'Präisser op de Pompelen a fir Reesen, déi erofgaange sinn.

Weider gouf och nach emol festgehalen, datt Ugangs d'nächst Joer wäert eng weider Indextranche erfalen.

Op de November gekuckt, geet zum Beispill de Präis fir de Mazout ëm 15% erof, dat bedéngt duerch d'staatlech Subventioun.

Och d'Gratuitéit vum Kanner-Accueil baussent de Schoulstonnen huet e positiven Impakt, sou datt d'Tariffer vun dësen Prestatiounen ëm bal 5 Prozent erofginn. D'Iessen an de Schoulkantinnen, wat jo gratis ugebuede gëtt, bréngt eng Baisse vun 12% vun de Präisser an de Kantinne mat sech.

RTL