De Remboursement vun der psychologescher Hëllef ass en éischte Schrëtt. SOS Détresse schafft mat den Anciens Combattants zesummen.

Arméi-Veteranen, déi mam Vëlo fueren, fir Suen ze sammelen, fir hir psychologesch Betreiung kënnen ze bezuelen. Dat war de Reportage, dee mir iech virun 2 Woche gewisen hunn. Datt d'Visitt beim Psychologe deemnächst rembourséiert gëtt, hëlleft hei schonn. Datt de Veteranen hir Krankheet, anescht wéi am Ausland, bis ewell awer net offiziell unerkannt ass, léist dann trotz allem nach e puer Froen op stoen.

De René Meneghetti an d’Jessica wësse wat mam Sylvain lass ass, wann hien op eemol ufänkt mat zidderen… iwwer seng Krankheet hat den Ex-Zaldot eis scho viru ronn zwou Wochen erzielt. PTBS, eng post-traumatesch Belaaschtung sëtzt him reegelrecht an de Schanken. De Sylvain huet se aus dem Jugoslawien-Krich mat heem bruecht. Ëmsou besser, dass de René Meneghetti Ënneroffizéier war an dono Psychologie studéiert huet.

Hien hëlleft de Veteranen, déi laang sech selwer iwwerlooss waren a vun deene méi wéi ee sech eng ambulant Behandlung oder eng Therapie am Ausland net leeschte konnt a kann. Oder net direkt gesinn huet, wat mat him geschitt.

Och dem René Meneghetti seng Famill huet hien, no sengem Retour aus de Krichsgebidder, als "en Aneren" erlieft.

Viru 5 Joer huet de Sylvain Kontakt mam René gesicht, an zënterhier leeft eng ambulant Hëllef, an eng Rei Leit goufen och stationär behandelt.

Elo wou sech d’Remboursement vun de Psychologen konkretiséiert, bleift d’Krankheet, déi eben net just Zaldote kënne kréien, ëmmer nach akut. SOS Détresse huet elo reagéiert, a schafft mat den Anciens Combattants zesummen. D’Jessica, Psychotherapeutin bei SOS-Détresse erkläert, dass si jiddwerengem nolauschteren, dee wëllt oder muss schwätzen. Fir op d’Problemer vun den Zaldoten preparéiert ze sinn, kruten d’Mataarbechter Coursen.

En Ersatz fir d’Therapie wiere si awer net, mee ëmmer do, wann een Hëllef sicht. D’Remboursement vun der Psychologescher Hëllef ass e weidere Schrëtt a der Ënnerstëtzung a Wäertschätzung vun deem, wat eis Zaldoten am Numm vum Grand-Duché erfëllen.